Marc WENGLER
Opgewuess am Süde vu Lëtzebuerg, hat ech duerch d'Reesagence vu mengem Papp dat grousst Gléck, schonn a jonke Joren eng ganz Partie Reese konnten ze erliewen a vill schéin Ecker vun eiser Welt ze entdecken. Do dernieft hu meng sportlech Bestriewungen an d'Deelhuelen un enger ganzer Partie un Ultraleef mech op déi ënnerschiddlechst a schéinste Plaze bruecht an onvergiesslech Erënnerunge geschaf. Sief et an der Sahara Wüüst am Maroc, op der Insel vum "éiwege Fréijoer" op Madeira, op mengem Wee ronderëm de Massif vum Mont-Blanc, op der Diagonale des Fous queesch iwwert d'Ile de la Réunion oder am Himalaya um Wee duerch d'Khumbu-Regioun.
No menge Studien an der Geschicht zu Wien an zu Lëtzebuerg hunn ech mech dozou decidéiert, am private Secteur ze schaffen a mengen Ambitiounen nozegoen, mäin eegene Projet ze lancéieren a Voyages Wengler nees zum Liewen ze erwäschen. Ech war mir séier bewosst, dass ech änlech Aventuren an Erliefnisser och menge Matmënsche wéilt ubidden an hinnen hëllefen, hier Dram-Vakanzen ze verwierklechen.
Voyages Wengler
Gegrënnt gouf d'Agence Wengler an den 1950er Joren als Assurancebüro. An de 1970er Joren huet d'Agence dunn ugefaangen nieft den existente Servicer och Reesen unzebidden an ze organiséieren. Voyages Wengler huet sech zu enger vun de renomméiertste Reesagencen zu Lëtzebuerg entwéckelt an huet virun allem mat Kompetenz an héichwäertege Reesen. Mat der neister Technologie wousst een och ëmmer à jour ze sinn a senge Clienten de beschte Service unzebidden.
Ob Croisière, eng Safari an Afrika, eng kulturell Rees duerch Asien oder Trekking duerch d'Bierger vum Himalaya, Voyages Wengler huet ëmmer probéiert senge Clienten déi schéinst an aussergewéinlechst Rees unzebidden.
Iwwer d'Joren ewech ass d'Agence gewuess an huet e weltweite Réseau u Partnerschafte mat Reesveranstalter opgebaut. Am Joër 2011 ass d'Agence als Best Leisure Travel Agency zu Lëtzebuerg ausgezeechent ginn. Zu deem Ament huet d'Agence och de Besëtzer gewiesselt a puer Joër méi spéit hir Dieren zougemach.
Wo sich eine Tür schließt, öffnet sich eine andere!
Dementspriechend huet sech d'Méiglechkeet erginn, de Familljebetriib nees an d'Liewen ze ruffen an ambitiéis op dem Ierwen an deene Wäerter opzebauen, fir déi Voyages Wengler ëmmer stoung.
DAISY
Moien, mäin Numm ass Daisy an ech suergen dofir, dass jidderee seng Aarbecht mëscht, déi wuelverstanen doran besteet, mech ze heemelen.
© Voyages Wengler 2023 All Rights reserved