Wëllkomm an der Welt vun PHOENIX REISEN

Croisièrë mat Phoenix Reisen!


Dir sidd op der Sich no enger besonnescher Vakanz? Dir wëllt Länner a Stied entdecken, déi Dir nach ni gesinn hutt oder déi Dir gäre vun enger ganz neier Säit wëllt erliewen? Phoenix Reisen erfëllt Iech dëse Wonsch: Kommt an de Genoss vum Confort a Luxus vun de PHOENIX Schëffer MS AMADEA, MS ARTANIA,MS AMERA an MS DEUTSCHLAND, sou wéi deene ronn 50 Floss-Croisièrë ronderëm d'ganz Welt.


Fluss & Küsten

Donau – Deutschland – Holland – Belgien – Frankreich – Portugal – Kroatien – Kambodscha/Vietnam – Indien – Ägypten

– Afrika – Brasilien

Orientreisen

Ägypten - Marokko - Tunesien  - Jordanien - Israel -

Saudi-Arabien - VAE/Oman

Profitéiert elo vum Frühbucherrabbat!

Croisièrën rondrëm d'ganz Welt

Eng Croisière duerch d'Nord- an Ostsee, duerch skandinavesch Fjorde bis erop op den Nordkap a Spitzbergen, sou wéi Island a Grönland, Groussbritannien oder an de Baltikum mat Visitte vu St. Péitersbuerg an de skandinaveschen Haaptstied Stockholm, Helsinki an Oslo... Do dernieft bitt Phoenix Reisen Iech och Croisièren an d'Mëttelmier, an d'Schwaarzt Mier oder op d'Kanaren, d'Kapverden an Atlantikinsele vun den Azoren un.


Südamerika an Nordamerika sinn natierlech och am Angebot, sou wéi Afrika, den Orient mat der Arabescher Hallefinsel, Asien vun Indie bis Japan an "down under" Australien an Neiséiland. Net ze vergiessen déi dramhaft schéi Südsee oder de Kap Hoorn. Phoenix weist Iech mat hire Schëffer déi schéinsten Ziler vun eisem Planéit. An wann dir e souguer puer Deeg méi Zäit fir är Vakanz hutt, da profitéiert mat enge vun de schéine PHOENIX REISEN Weltreisen Kreuzfahrten.


Wat Floss-Croisièren ugeet, huet Phoenix Reisen och fir jiddereen eppes unzebidden, sief et iwwert de Rhäin oder d'Donau, de Rhône, d'Saône, d'Seine oder den Douro. Fir deen, deen et léiwer méi wäit zitt, ass eng Croisière iwwert den Amazonas, de Ganges an Indien, de Mekong oder eng China-Rees um Yangtze dat Richtegt.

Vum Kuerztrip bis zur Weltrees – Phoenix Reisen erfëllt Iech ären Dram !

Loscht op eng Croisière ?

Kontaktéier eis a mir sichen dir deng Wonschrees.