DP9 Diver│ SCUBA DIVING SAFARI

Explore the underwater wonders of Salento


An Zesummenaarbecht mam Denis vun DP9 Diver, bidde mir Iech d'Méiglechkeet zesumme mat eis d'Ënnerwaasserwelt vu Salento am Süde vun Italien ze entdecken. Mam Denis ass net nëmmen en héichqualifizéierten a lëtzebuergesch schwätzenden SSI-Tauchinstrukteur derbäi, deen aus der Regioun kënnt, mee mat him hutt dir och d'Méiglechkeet Ären Open Water Diver Cours heiheem unzefänken an dohannen ofzeschléissen. Begleet eis op enger opreegender Expeditioun, déi fir all Tauchniveau geduecht ass.


    Scuba Diving

    24.05.2024 – 02.06.2024

    9 Deeg

    Santa Maria di Leuca, Salento, Italien

    Apartment

    Denis PROFICO

    CEO / Founder of DP9


    Den Denis huet seng Firma gegrënnt fir senger gréisster Leidenschaft, dem Tauchen, nozegoen an aus sengem Hobby säi Beruff ze maachen. Als SSI Dive Instructor bitt hien eng ganz Palette un SSI-zertifiéierte Coursen un: vum Open-Water-Diver bis zu avancéierte Spezialcoursen, beim Denis sidd dir a gudden Hänn!


    unsplash